Hei ass eng Photo mam David a mam ganz a guer net zefriddenen Cosimo (d'Kaz) zu Ollem. (aner Fotoen kommen no). an hei dem David säin eegenen Text: Fir unzefänken e klengt Wuert iwwert mäin bisheregen Liewenslaaf. Ech sinn den 26.Mee 1984 an der Maternité an der Stad gebuer ginn, zu enger agréabler Zäit fir meng Elteren, nämlech sou géint 13h30. Ech wor zu Nouspelt an der Spillschoul fir duerno 2 Kilometer wäit ewech op Kielen an d’Primärschoul ze goen. Am Athenée an der Stadt hun ech mech bis Première duerchgekämpft, a well de Premièresexamen sou flott wor, hun ech en direkt zweemol gemaach J. Duerno ass et 1 Joër als Zaldot op den Häerebierg gangen fir am Joer 2005 den Examen op d’Offizéiersschoul zu Bréissel ze packen, wou ech mech elo am fënneften, also leschte Joer befannen. Sou, an elo zu dem flotten Deel, menger Fräizäit : Ech sinn säit 1991 aktiven an engagéierten Member bei de Scouten vun Capellen, de Caper Piwitschen. Am nemlechten Moment wor ech och während 5 Joër am Fussball Club F.C. Kehlen aktiv, mä ech hun décidéiert den Scouten den Virtrett ze iwwerloossen, well déi zwou Saachen si schwéier mateneen ënnert een Hut ze bréngen. Mee ech spillen bis haut nach leidenschaftlech Fussball, awer nemmen privat an net méi an engem Club. Majo, Sport ass e wichtegen Deel a mengem Liewen. Ech maachen am léiwsten Sport zu 2 oder an enger Grupp. Dorenner fallen Fussball, bal all Rackettensport wéi Badminton, Tennis an Squash, Klammen, Vélo fueren, Wanderen. A fir den extra-Kick ze kréien ginn ech och heiansdo Fallschirmsprangen, Wasserski fueren, Paintball spillen, irgendwelch Brécken ofseelen… Am Fong sinn ech fir alles Sportleches ze begeeschteren, ausser fir domm an der Landschaft ronderem ze laafen. En anert grousst Hobby sinn Autoen, oder besser gesot méng AutoEN J, wou ech heiansdo ze vill Zäit domadder verbréngen an da bal alles ronderem vergiessen! Mä ech fueren net nemmen gären domat an der schéiner letzebuerger Landschaft ronderem, mä ech schrauwen souguer nach léiwer u mengen Autoen ronderem. Mäi leschten Projet wor, oder besser ass, mäi FORD MUSTANG aus dem Joër 1968 (Foto), wou ech 1 Joër dru gewierkelt hunn fir datt en proper leeft (hei fannt dir e Link op eng Internetsäit wou dir iech Fotoen vun der Restauratioun ukucke kënnt. Mä ech fannen emmer erem eppes Neies drun fir ze bastelen. Deen aneren Auto ass eng aal Militärjeep, eng VW ILTIS aus dem Joer 1981 (Foto). Bei deem geet och heiansdo no hardem Terrain-Fueren eppes zu « Broch », wat dann erem zesummengeploschtert get J. Fir dat alles ze maachen hun ech mat mengem Bruder Dominique eng kleng Wierkstattgarage gebaut, déi sech bei ons doheem an engem Deel vun onser grousser Schéier befennt, deen ons mäin Papp Albert grosszügeg zur Verfügung gestallt huet (En décken Merci). Mee ech vergiessen awer och net meng Mamm d’Marilyn, déi mech dacks mat enger gudder Kichen verwinnt an och oft Saachen fir mech an d’Rei mëcht wann ech erem zu Bréissel festhänken. David Wickler |  |